Guestbook vu www.busbunn.net
schéckt w. e. g. Är Beiträg u georgesschummer@busbunn.net mam Vermierk „Guestbook BB“
88 Agnès, concernant les résultats des sondages d'opinions sur www.rtl.lu 14 novembre 2009 |
Comme quoi!
|
| 87 georges schummer un den Här Transportminister Lucien Lux |
Réplique op eng Ausso vum Transportminister Lucien Lux op der “Table ronde” vum 15. Mee 2009 bei RTL-Télévisioun iwwer de “Plan sectoriel Transport” Op der Table ronde am Virfeld vun de Chamber-Wahlen mat den Hären Bisdorff (KPL), Gira (Gréng), Halsdorf (CSV), Helminger (DP), Jost (Lénk), Lux (LSAP) a Reding (ADR) huet den Här Transportminister Lucien Lux den aktuellen Tramsprojet mat der Ausso verdeedegt, “souguer den Här Schummer hat 2004 an enger vu sénge Varianten en Tram virgeschloen”. Dat ass eng onzoulässeg Déformatioun vu méngen deemolegen Argumenter! Här Lux, liest et w. e. g. nach emol no: www.busbunn.net > Downloads Nr. 1 > Kap. 11.
Auteur vum “Projet BB (Bus-Bunn)”, www.busbunn.net Verdeeler: - Member vun der Regierung - Member vun der Chambre des Députés - Member vum stadter Gemengerot - Press ----------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------Zousaz vum 7. 6. 2009 De 5. 6. 2009 hat ech den Här Transportminister op www.politikercheck gefrot: Här Lux, Här Schummer, Abé dann, mee hat iergenteen eng aner Äntwert erwaart? En Transportminister, dee während senger Amtszäit leider nëmme Slogans vu sech ginn huet, fänkt och net 2 Deg virun de Wahlen un, sech op eng inhaltlech Diskussioun anzeloossen. Mir war awer méng Richtegstellung wichteg. georges schummer |
86 Pol Wirtz - 13. 3. 2009: Äntwert op 85 |
Et freet mech ze liesen, dass dir nach dru gleeft! Bei alledem wat lo
sou an d'Oeffentlechkeet gepusht get mat engleschem Staatmiwwel an sou
Dommheeten, fäerten ech dass d'Affaire am Kapp vu ville Leit gelaaf ass. Eng digital Foto vun der neier Avenue mam Tram an nemmen 2-3 Autoen derniewend ass eng Illusioun, di natirlech gefällt. Awer wéi realistesch ass dat? Wou sinn dann di Letzeburger di nach fäerten an engem weiden an hell beliichten Tunnel ënner der Staat ze furen? Wann een schon nëmmen eleng äre Vergleich mat Barcelona kuckt, kann een nëmmen de Kapp rëselen iwer dat wat hei geschitt! Ech mengen de ganze Kampf deen dir bis lo scho geféiert hut, haett ee besser gehat mat enger gudder Marketing Agence am Reck ze féiren. Technesch Logik a fachmänneschen Input schengt wéineg gefrot ze sin! |
85 georges schummer - 7. 3. 2009: Äentwert op d'Froe vum Här Pol Wirtz am Forum (Guestbook) vu www.rer.lu |
Den Här Pol Wirtz huet den 18. 2. 2009 op www.rer.lu am Guestbook-Forum e puer Froe gestallt, déi sécher eng Äntwert verdéngen: Eng Behaptung an 3 Froen: Zu 1. - Ech sinn a kénger Partei, a sinn och kenger verpflicht. - D’RER Luxembourg a.s.b.l., déi méng Propositiounen “Projet BB (Bus-Bunn)” ënnerstëtzt, ass scho vun hiere Statuten hier politesch neutral. Et gëtt do Memberen vun alle politesche Mëtten a Bord’en, an och Leit ouni Partei. Dat wat si eent, ass hier Iwwerzeegung, datt den ëffentlechen Transport wierksam verbessert gi muss, an datt dat nëmmen duerch eng Vernetzung vun der Stad Lëtzebuerg mat dem Land an der Groussregioun iwwer d’Eisebunn geschéie kann. Dat ass besonnesch wichteg am Hibléck op déi iwwergrouss Pendler-Problematik vun der Stad Lëtzebuerg, déi an Europa eenzegarteg ass. De Projet “BTB”, deen och esou eng “Vernetzung” vu Stad a Land iwwer d’Schinn als onverzichtbar ugesinn hat, hat leider vill ze wéineg Transportkapazitéit, an en hätt eng Schwächung vum leeschtungsfähegen Eisebunns-Betriebssystem bedeit: an der Stad, an och um nationalen a regionalen Eisebunnsnetz. Dat huet jo och d’CFL festgestallt (Okt. 2005). Esou bleiwt fir d’RER Luxembourg a.s.b.l. a fir mech nëmmen eng eenzeg Méiglechkeet: d’Zich aus der Groussregioun op “Duerchmiesserlinnen” direkt an d’Stad an duerch d’Stad ze féieren, nom Virbild vun den “RER (Réseau Express Régional)” – oder “S-Bahn”-Systemer, esou wéi och de Projet BB (Bus-Bunn) et virgesäit. Datt dat groussendeels nëmme mat Eisebunnstunnellen ënner der Stad méiglech ass, ergëtt zousätzlech Virdeeler: Den Zuch fiert ënner dem Stossestau erduerch, den Transport ass vill méi séier a méi leeschtungsfäheg, keen Ëmsteigen virun der Stad, Transport direkt bis an de Quartier. - Politesch an iergendwellech ideologesch oder esoteresch Considératiounen (z. B.: “Den ëffentlechen Transport gehéiert iwwer de Buedem, an d’Autoen drënner”), treffen net de Kär vun der Problematik. Souwisou sinn esou konstruéiert Schäin- a Schutzargumenter zu Gonschte vun engem Tram hifälleg, nodem och den “Train-Tram” nom “Modul K” 8 km duerch Tunnelle gefuer wier. Mat dem “mobilité 2020”-Konzept bleiwen och elo nach 5 km vum Iergaard bis zur Aérogare dovu Rescht, an d’”Gare périphérique” bei de Foires-Halen um Kierchbierg an och nach d’”Gare Centrale” solle jo zoudedeckt resp. iwwerbaut ginn. - De Groupe G-TeC, eng Art Virleefer-Organisatioun vun der RER Luxembourg a.s.b.l., hat schon 2003, zesumme mat der U.S.I.L.L. vun der Stad Lëtzebuerg, alle Parteien eng Informatioun an e Gespréich ugebueden. Obschon et deemols ewéi haut ënner Politiker vun alle Faarwen Unhänger vun der Iddi vun engem Eisebunnstunnel ënner der Stad gouf, ass bis elo d’ADR déi eenzeg Partei, déi sech geschlossen derfir ausgeschwat huet. Grad wéi d’RER Luxembourg asbl. sinn ech och frou iwwer dës Ennerstëtzung aus der Politik, mee et geet nach laang net duer. Anerersäits, wat den aktuell vum Transportministère favoriséierte Projet “Tram-léger” méi konkret gëtt, wat d’Schwaachstellen, déi ongeléiste Problemer an déi ze erwaardend Nofolgekäschten ëmmer méi évident ginn, wat de sougenannten eropbeschwuerene “parteiiwwergräifende Konsens” zu Gonschte vun dësem Projet “Tram léger” méi un d’Wakkele kënnt. Dat schlëmmst wat dësem Projet passéiere kënnt, ass datt en tatsächlech gebaut géif. Et géif sech da séier erausstellen, datt d’Verkéierssituatioun an der Stad sech net em e Yota verbessert hätt – am Géigendeel! Da kéim dann awer déi eenzeg Léisung, den RER-Tunnel ënner der Stad, zur Ausféirung. Awer dat mat 10 bis 20 Joer Verspéidung, an et stellt sech d’Fro, ob déi ekonomesch Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg net schon d’Baach erof wier! Zu 2: Déi grafesch Duerstellungen vun der ADR-Animatioun présentéieren optesch e puer Ofweichungen vum Projet “BB (Bus-Bunn)”, mee si hunn d’Grondiddi iwwerholl: Déi direkt Vernetzung vu Stad a Land iwwer d’Eisebunnsschinn. Doriwwer eraus muss een unerkennen, datt de Film professionnel gemaach ass, an e gudden Androck dervu gëtt, wat en Eisebunnstunnel ënner der Stad brénge kann. Zu 3: Wat kann ee maachen? Dat selwecht wat mir schon 10 Joer laang maachen. Informéieren an diskutéieren ! Et ass nach net ze spéit! georges schummer, Auteur vu "Projet BB (Bus-Bunn)"
|
84 Jang - 19. 2. 2009 |
E gudd Argument hunn ech gëscht ëmmer nees beim Wiseler sengem éischte Bagger-"Uschlag" am Grëngewald fir dé läschten Nordstroossentunnel gehéiert: "dén heien Tunnel wir, am Contraire zu deenen aneren, trotz där klenger Iwwerdeckung, jo esou, esou, ..... einfach, wëll, een "nëmme bräicht am Lëtzebuerger Sandsteen ze buëren......!" Wéi wuël dann och bai de Schummertunnellen.......Oder? Wât bai der "Katakombebunn" bâl eng pharaonesch Onméigelechkét ass, schingt e puer Kilometer weider am Bësch e Spillschoulskannerspill ze sinn..... Verstehe wer will.....! (Mé vlait hëlleft do den Hl. Schëtzel matt buddelen!) Ech verstinn elo fierwat et an dësem klenge Land esou fill Cabaret's-Ensemble gëtt.... Nëmmen esou kann ee "lucide" iwwerliëwen...! |
83 georges schummer 18. 12. 2008 Richtigstellung der Desinformationen von Herrn Bausch in seinem Télécran-Interview 47/2008 |
Meine Richtigstellung im Télécran 51/2008 war stark gekürzt, da einerseits in einer Wochenzeitschrift keine Leserbrief-Rubrik vorgesehen ist, es andererseits nach geltendem Pressegesetz fast unmöglich ist, quasi in einem Nebensatz aufgestellte Desinformationen richtig zu stellen. Deshalb möchte ich an dieser Stelle den vollen Text wiedergeben. Ein entsprechender offener Brief wird Herrn Bausch zugestellt werden: Herr Bausch verbreitet im Télécran-Interview leider wieder seine altbekannten Klischees. Dazu ist folgendes zu sagen: Die unterirdische Anbindung der Stadtzentren an das Eisenbahnnetz (BB, Bus-Bunn oder RER) wird nicht „extrem teuer“. Das Verhältnis Nutzen / Kosten spricht eindeutig für RER. Im Projekt „Tram léger“, die wegen geringer Leistung nicht mehr als eine teure Buslinie auf Schienen darstellt, werden in den genannten 150 Mio. die meisten Kosten unterschlagen: Nicht berücksichtigt werden z.B. die Maßnahmen für die Umlagerung des Autoverkehrs im Bau-und Endzustand, die „neue“ – und die „rote“ Brücke, der Neubau der Foire-Hallen, die „Gares Périphériques“, die Eisenbahn Irrgarten – Kirchberg, der Wert der gebrauchten Grundstücke in zentraler Verkehrslage für Tramspuren. RER ist nicht unattraktiv. Im Gegenteil: Die unterirdische Führung ermöglicht einen Zeitgewinn durch das Unterfahren der Straßenstaus und ist dadurch in höchstem Maße attraktiv! Ohne vom Zug auf ein anderes Verkehrsmittel umzusteigen, sind wichtige Stadtviertel direkt zu erreichen. Die Behauptung, das Bus-Bunn-Projekt wäre „von verschiedenen Verkehrsexperten in mehreren Studien“ als ungeeignet angesehen worden, muss leider als Versuch einer groben Desinformation gewertet werden. Herr Bausch muss es besser wissen: 1. Bei „Luxtraffic“ (1994), wollte man die (nur für die Schublade) untersuchte Variante „BahnKlassisch“ nicht. Mit dem Planungsentwurf konnte man bequem das Ergebnis steuern. 2. Mit der Vergleichsstudie meines „BB-Projektes“ mit dem behördeneigenen „Modul-K-Projekt“ wurde 2003 ausgerechnet ein befangenes Schweizer Büro beauftragt, welches schon am behördeneigenem Modul-K mitgearbeitet hatte. Alle in der Studie aufgestellten Behauptungen habe ich sofort öffentlich widerlegt, ohne Widerspruch vom Planungsbüro und vom Transportministerium. Für Details möchte ich auf www.busbunn.net – Downloads – Dossier EBP verweisen. 3. Als sich nach Analyse der CFL im Jahre 2005 das „Train-Tram“-System als unhaltbar erwies, musste der interministerielle Arbeitskreis schnell ein neues Projekt („tram léger“) übers Knie brechen. Diesmal (2006) schrieb sich der interministerielle Arbeitskreis sein Gutachten selbst: Um den Anschein der Objektivität zu wahren, hatte man auch 2 Varianten von mir in die nicht nachvollziehbare Beurteilung mit einbezogen - mit vorhersehbarem Ergebnis - und ohne mich auch nur zu konsultieren. Aus Protest lud die RER Luxembourg asbl. zu einer Pressekonferenz ein. Von offizieller Seite kam wieder keine Reaktion. 4. Die behördeneigenen Experten sahen sich 2007 genötigt, eine Stellungnahme gegen das BB-Projekt „im Namen der Regierung“ zu schreiben. Dabei verwies man wieder auf die (von mir und der RER.lu längst widerlegten) Ergebnisse der voreingenommenen Vergleichsstudie (2003) und auf das Selbstgutachten des interministeriellen Arbeitskreises (2006). Wieder protestierte die RER Luxembourg asbl in einer Pressekonferenz. (s. www.rer.lu – Réplique de RER.lu …).Wieder hielten sich die Regierung und ihre Hintermänner bedeckt. Ein Widerruf wäre zumindest angemessen gewesen. Es wäre nicht hinnehmbar, wenn Herr Bausch jetzt wieder versuchen würde, die oben genannten „Studien“ als Beweis dafür anzuführen, dass das Bus-Bunn-Projekt ungeeignet sei. Es muss auch Schluss sein mit der gängigen Praxis, bei in Auftrag gegebenen „Studien“ das Ergebnis gleich mitzubestellen, sowie die endgültige Fassung „freizugeben“. Sonst geraten diese nur zu einer politischen „Farce“ zu Lasten des Steuerzahlers. Herrn Bausch möge endlich auch davon Kenntnis nehmen, dass zu einer grünen und nachhaltigen Transportpolitik mehr gehört, als eine „Heile-Welt-Tram“, die unter grünen Bäumen fährt, in denen die Vögel ihre Nester bauen. Dafür bedarf es leistungsstarker Infrastukturen für den öffentlichen Transport, die durch hohe Transportkapazität und Schnelligkeit, Bequemlichkeit und somit Attraktivität gewährleisten, dass möglichst viele vom eigenen Auto auf den öffentlichen Transport umsteigen. Das nutzt der Umwelt! Georges Schummer, ing. dipl., Autor des Projektes BB (Bus-Bunn) Weitere Informationen: Zu 1: s. Studie Luxtraffic 1994 und www.busbunn.net > downloads > Broschure "Projekt BB" > 1. Einführung > Kastentext auf S. 3 Zu 2: S. www.busbunn.net > downloads > dossier EBP Zu 2. 3. und 4: s. www.rer.lu Hotlink auf Titelseite: Réplique de RER Luxembourg asbl à la prise de position du Gouvernement du 2 mars 2007
|
| 82 georges schummer 17. 10. 2008: Metro Barcelona, Linie 9 | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Fazit: Ähnliche Lösungen auf Problemstellung. Allerdings sind die Schwierigkeiten bei der Metro Linie 9 in Barcelona weitaus grösser: bis 90 m Tiefe, bis 60 m unter Grundwasserhorizont |
| 81 georges schummer 11. 6. 2008: Aentwert zu 80 vum Jean-Claude Kintziger |
|
An den 150 Mio € déi als Präis vum Tram ugi ginn, si just d'Schinnen an d'Caténairen (Oberleitung) vum Utopolis bis op d'Gare Centrale enthalen. Zousätzlech Nofolgekäsche an net Niewekäschten ginn einfach ignoréiert: Z. B. De Präis vun de gebrauchte Verkéiersflächen matten op Stadgebitt (bei engem Eisebunnstunnel kritt een déi zousätzlech a gratis), all Käschte fir d'Emverleeë vun de Versuergungsleitungen a Kanalisatiounen, all Massnahmen vun der Emleedung vum Autoverkéier während der Bauzäit an définitiv (duebelstäckeg Rocade, eng zweet rout Bréck?), den Neibau vun der Foire an d'Kappgare fir den Zuch... etc). E Centre de Remisage ass am Präis och net virgesinn. Et gouf just gesot, e kéim op de Kierchbierg. Wouhin? Wuel an de Gréngewald?
Esou ginn d'Leit op d'A gedréckt. Déi 150 Mio. sinn dach awer vill méi bëlleg wi en Eisebunnstunnel ënner der Stad! - Oder? Keng Rieds dervun, datt et verkéierstechnesch näischt bréngt, eng Buslinn duerch eng Tramslinn ze ersätzen, déi op der selwechter Plaz och net méi Leit transportéiere kann. Virun allem dréit et näischt zur Léisung vum Pendlerverkéier-Problem bäi (140'000 Pendler, déi all Dag an d'Stad eran an eraus wëllen).
Eng Maquette vum Tram war op der Foire ausgestallt: 2,65 m breet! Normalerweis gëllt am Strosseverkéier eng max. Breet vun 2.50 m, also och fir d'Bussen. Demno ass déi maximal Transportkapazitéit vun enger Tram-Linn bei Saturatioun vum Verkéier (wéi de Groupe de Travail Interministériel dat jo 2006 festgestallt huet) just 0.6 % méi grouss wéi déi vun enger Bus-Linn. Dat ëmmer ënner der Viraussetzung, datt getrennt a vum Stroosseverkéier onofhängeg Trampisten a Buspisten zur Verfügung stéingen! Dat dierft awer zu Lëtzebuerg net de Fall sinn (et solle jo esouguer och nach Bussen op den Tramspuere fueren). Natierlech brauch den Tram wéinst senger Iwwerbreet och 0.6 % méi Plaz.
|
| 80 Jean-Claude Kintziger 11. 6. 2008 |
mech wonnert, dass bei der ganzer Euphorie fir den Tram nach keen iergendwou d'Fro opgeworf huet, wou dann dei sellechen Trammen nuets parke ginn, respektif wou se dann sollen hir Maintenance maachen. Mat engem Tramsschapp kann et jo wuel och net duer goen, well soss hu mir jo moies an owes eng Abbazuel Trammen dei emol op hiren Asaatzpunkt fueren mussen.
PS: ech huelen unn, dass en Tram léger mei schmuel ass ewei e Bus. Wei kann en dann op der selwechter Längt mei Plaatzen hun? |
79 georges schummer 21. 4. 2008 Analyse vun der Etude „ptv“ |
Pressekonferenz, organiséiert vun der RER Luxembourg a.s.b.l., Meendeg, den 21. 4. 2008 um 10:30 h an der Taverne „Henri VII“ um Lamperbierg D’Etude „PTV“ ass op www.rer.lu publizéiert Bäitrag vum Georges Schummer Analyse vun der Etude „ptv“ Résumé: Wat steet wierklech an der Etude "ptv" dran? An engem Artikel vum 8 Februar 2008 am Lëtzebuerger Land si mir gewuer ginn, datt et eng Etude vum Innenministére géif, déi den Transportministère net ze gesi kritt hätt. Op Nofro bei Beamten aus dem Innenministère wier den Här Transportminister Lux gewuer ginn, datt zwar an där Etude rekommandéiert gëtt, den aktuelle Projet vum „tram léger“ duerch en „train-tram“ ze ersätzen. Mee dat géif awer den aktuelle Projet net a Fro stellen. Dat war awer nëmmen déi hallef Wourecht. An der Haaptsaach gëtt an der sougenannter „ptv“-Etude vum Innenministère recommandéiert, zousätzlech eng „S-Bunn“ ze bauen, dat als Virbedéngung zu alle Planunge mat Tram! D’Etude „ptv“ huet de klore Mérite drop hinzeweisen, datt eng Hyrarchie am Réseau vum ëffentlechen Transport geschafe gi muss. D’„S-Bunn“ nom däitsche Sproochgebrauch, oder „RER (Réseau Express Régional)“ am franséischsproochege Raum, bilden déi performant a séier Haaptachsen vum Réseau. Fir d’Feinverteilung si Bus, évtl. och den Tram zoustänneg. Op deem Niveau rangéiren d’„Tram légers“. Fir „Train-Tramen“, déi och den Eisebunnsréseau matbenotzen, iwwerhaapt réaliséiren ze kënnen, an déi no den Erkentnisse vun der CFL um lëtzebuergesche Réseau eigentlech tabu si missten (Sécherheetsproblemer, net genuch Transportkapazitéit), proposéiert „ptv“ fir d’Eischt d’Schafung vun engem „S-Bahn“-System, fir domat Verkéierskorridoren fir den „Train-Tram“ fräi ze maachen. Konferenz: Ausféierlech Diskussioun iwwer d'Etude "ptv" (hei net reproduzéiert) |
| 78 Adolphe Faber, 12. 12. 2007 |
| Felicitéieren fir déin Artikel iwer déi ze vill kleng Quaien an der Gare um Findel. Daat ass jo haarsträubend! Do ginn öffentlëch Suuen verpolfert ouni dass je eng emfaassend Etude iwer de gesamten Eisebunnsverkéier (mat den internationalen Verbindungen) an an em éist Land gemaacht gouf, ausser déi vun bezuelten Experten. |
De Guestbook-Provider huet de 4. 10. 2007 matgedeelt, datt hien de Guestbook-Service net méi ubidde wëll. Dorop hin hunn ech all Bäiträg vun 2000 bis 2007 eriwwer gerett, fir se an dëser Form weiderhin zougänglech ze maachen. Nei Beiträg bieden ech, mir als e-mail u georgesschummer@busbunn.net mam Vermierk „Guestbook BB“ ze schécken. Déi Stellungnahmen, déi eppes relevantes zum Thema bäidroen, net scho Widderhuelungen vu fréiere Bäiträg sinn a net géint gutt Sitten a Manéieren verstoussen, gi weiderhinn op dëser Plaz publizéiert. Ech behale mir och d’Recht vir, Bäiträg ze kierzen, wou se net dëse Kriterien entspriechen an och wa se vum Thema ofwäichen.
10. 11. 2007 georges schummer
|
Info: |
77 Androungen op 8 Sait(en) |
Note vum Guestbook-Provider, de 4. 10. 2007:
Currently, you cannot make entries. The guestbook is read-only now.
If you are the guestbook owner, please read on.
Note vum Guestbook-Provider, de 25. 10. 2007:
As announced in the news, guestbook.de has stopped service and closed down
77 |
Datum: 2007-07-24 08:32:39 |
76 |
Datum: 2007-04-27 23:36:11 |
|
|
|
|
|
|
75 |
Datum: 2007-04-26 22:55:11 |
74 |
Datum: 2007-02-02 14:11:39 |
73 |
Datum: 2006-05-06 10:20:51 |
72 |
Datum: 2006-05-03 14:09:42 |
71 |
Datum: 2005-10-07 17:12:25 |
70 |
Datum: 2005-09-16 21:31:47 |
69 |
Datum: 2005-07-11 10:02:40 |
68 |
Datum: 2005-07-07 12:00:32 |
67 |
Datum: 2005-05-13 22:28:26 |
66 |
Datum: 2005-05-13 16:41:47 |
65 |
Datum: 2005-05-13 15:07:59 |
64 |
Datum: 2005-05-13 12:25:32 |
63 |
Datum: 2005-05-13 12:02:15 |
62 |
Datum: 2005-05-11 12:44:11 |
61 |
Datum: 2005-05-09 15:58:22 |
60 |
Datum: 2005-05-05 21:01:35 |
59 |
Datum: 2005-05-04 21:40:58 |
58 |
Datum: 2004-11-15 14:02:30 |
57 |
Datum: 2004-08-24 21:13:04 |
56 |
Datum: 2004-08-23 07:25:23 |
55 |
Datum: 2004-08-20 10:18:46 |
54 |
Datum: 2004-08-20 07:55:09 |
53 |
Datum: 2004-08-19 21:53:27 |
52 |
Datum: 2004-08-19 16:13:50 |
51 |
Datum: 2004-08-19 16:03:33 |
50 |
Datum: 2004-08-13 23:41:19 |
49 |
Datum: 2004-08-06 20:23:23 |
48 |
Datum: 2004-07-13 01:46:53 |