100,7: Am 2. Deel
vum Dossier vum Dag héiert Dir Iwwerleeungen vum Ingénieur
Civil Georges Schummer zu engem Alternativ-Projet "BB", also "Bus-Bunn"
100,7: "BB as nët déi, di Dir denkt, mee dat wat Dir schon erahnt, d'Ofkierzung BB steet fir de BTB ouni T", sou d'Explikatiounen vum Ingénieur Civil Georges Schummer an der Aleedung vu senger Broschür iwwer de Projet Bus-Bunn. D'Broschür as viru ronn engem Joer erauskom, duerno goufen et nach zwou Annexen zum Thema "Projekt BB".
E Freideg goufen d'Etuden zum Thema BTB vum Transportminister Henri Grethen présentéiert. Déi sozio-ökonomesch Rentabilitéitsétude vum Züricher Institut Basler kënnt zur Conclusioun, dass de BTB-Projet eigentlech grad esougudd durch den Ausbau vum Schinnen- a Busréseau, also d'"Null plus"-Variant kënnt ersaat gin. Entsprecht dat der Alternativ, dem Projet BB? Den Ingénieur Civil Georges Schummer:
G. Sch.: Nee also, et entsprecht nët menger Alternativ. Ech sin natiirlech och fir de Bus an d'Bunn, fir den Tram sin ech am Fong geholl nët, ech wollt den Tram durch en ënneriirdeschen Tunnel ersetzen ënner der Stad. Ech fannen et wichteg, dass een awer an d'Stad erakënnt, dass ee wéinechstens d'Stad mat erschléisst.
100,7: Den Ingénieur Georges Schummer huet sech intensiv mam Projet BTB, respektiv Alternativen dofir beschäftegt. Wat hält hie generell vun der Variant "0+", déi d'Ubannung vum Kiirchbierg a vum Findel un de Schinnereseau virgesäit?
G. Schu: Also, ech sin nach nët ganz iwwerzeegt dervun, dass se wäit genuch geet. Den öffentlechen Transport, mengen ech, dee bräicht méi eng couragéiert Léisung. Virun allem, bei der "0+"-Léisung, do kënnt nët ganz genee eraus, wat am Fong geholl beabsichtegt as. Et geet wahrscheinlech nët dur, hei an do eng Buslinn bäizesätzen, et misst ee virun allem de Problem léisen, wéi ee kënnt de Stadzentrum méi attraktiv abannen an dat ganzt, an et sollt een och eng besser Léisung fir de Findel an de Kiirchbierg fannen.
100,7: Wat wiren d'Avantagen vun engem BB-Projet, also "Bus a Bunn"? Nach eng Kéier den Ingénieur Civil Georges Schummer:
G. Sch.: Ech wëll emol virun allem den haptsächlechen Avantage vun der Luxtraffic-Studie bäibehalen, d. h. de Stadzentrum mat erschléissen. Ech machen dat mat engem Tunnel, well ech keng aner Méiglechkeet gesin, dat wiirksam soss kënnen ze maachen. Virun allem wëll ech dobäi d'Eisebunnsbetriebssystem oprecht erhalen, well et as nët anzegesin, wann een 200 km Schinnennetz huet am ganze Land, an et bënnt een dann e puer Kilometer Tramschinnen doran an. Um Kiechbierg géif ech mengen, wann ee schon eng Verbindung tëschend zwou Eisebunnslinnen baut, da sollt ee wéinechstens och do d'Eisebunnsqualitéit loossen, an nët op en Tram reduzéiren.
100,7: Wéi as d'Meenung vum Georges Schummer zum geplangten Tunnel ënner der neier Avenue fir den Autosverkéier?
G. Schu: Dozou hun ech keng grouss Meenung, well ech mengen, dat gehéiert eigentlech nët zum öffentlechen Transport; dat as Individualverkéier.
100,7: Wéi as d'Situatioun vum öffentlechen Transport zu Lëtzeburg an Zukunft, wat fir Problemer kommen a wat si méiglech Léisungen dofir?
G. Sch.: Ech mengen de Problem, dee stellt sech ëmmer méi akut, mir stelle jo ëmmer méi fest, dass mir mat dem konventionellen Individualverkéier nët all Problemer léise kënnen. Dofir geet et elo drëm, déi schlofend Energien - oder Reserven - vum öffentlechen Transport ze mobiliséiren, an dat wir am Fong geholl vill méi liicht ze maachen - dat géif nët esou deier kaschten - wéi d'Autobunne kascht hun.
100,7: Wat war d'Motivatioun vum Georges Schummer, de Projet BB auszeschaffen?
G. Sch.: Meng Motivatiounen? Et as natiirlech en Thema wat mech interresséiert. Zum zweeten hun ech an deër Branche do geschafft. Ech hun zu Bonn bei der Arge Stadtbahnplanung matgeschafft, ech war do Gruppenleiter vum "Rohbauentwurf", dat heescht mir hun do am Fong geholl den Entworf vun de ganzen U-Bahnen gemaach. Vun dohir ware meng Sënner derfir geschärft. Mat dem BTB war ech nët zefridden, wéi sech erausgestallt huet, dass dee géif als Tram durch d'Stad goen, well ech mengen, méi eng betriebssëcher Léisung kann een do fannen.
100,7: Wat fir eng Reaktiounen huet den Ingénieur Civil op seng Arbecht krit? Den Ingénieur Civil Georges Schummer:
G. Sch.: Ennerschiddlecher! Also vu private Leit, déi hu mir natiirlech heiansdo op d'Schëller geklappt. Politiker hun sech interresséiert gewisen. Ech hat verschidde Kontakter, mee déi waren ëmmer informativer Art. Dat heescht, et huet natiirlech kee sech a seng Kaarte kucke gelos.
100,7: D'Iddien vum Ingénieur Civil Georges Schummer sin an der Broschür mam Titel "Projekt BB" resuméiert. Wou kënnen interresséierter déi Publikatioun kréien?
G. Sch.: Dat kann ee ganz einfach durch Iwwerweisung vun 200 Frang op de Kont 971/465 bei der Caisse Centrale Raiffeisen, CCRA ofgekiirzt. De Profit, deen as zu Gonschten vun der Association Nationale des Victimes de la Route.
100,7: D'Broschür huet 30 Säiten, a beschreift am Détail de Projet Bus-Bunn. Et as e Plaidoyer fir e qualitativen a quantitative Spronk am öffentlechen Transport an der Stad Lëtzeburg an an hirer Emgéigend, sou och den Ennertitel vun der Broschür vum Georges Schummer.